Philippe NOESEN

De Philippe Noesen ass de 27. Abrëll 1989 an der Stad Lëtzebuerg gebuer. Mat Musek huet hien 1995 ugefaangen, an 1997 schon mat Percussioun, an der Museksschoul vun der Gemeng Péiteng. 2004 ass hien an de Stater Conservatoire gewiesselt; hien hëllt Percussiounscouren beim Paul Mootz, war an der Batterie beim Al Ginter, an hie’ léiert Uergel beim Pierre Nimax.

Zënter 1996 ass de Philippe an der Péitenger Jugendmusek, an zënter 1999 an der Harmonie Municipale vu Péiteng. 1999 huet hien d’Leedung vun der Drumband Péiteng iwwerholl. Vun 1999 bis 2004 wor hien am Percussiouns Ensembel „Offbeat“ vun der Péitenger Museksschoul. Hie’ spillt och nach am Harmoniesorchester vum Stater Conservatoire.  


De Philippe huet a verschiddene Projeeën mat gewierkt:
Abrëll 2006 Jugendharmonieorchester vun der UGDA mat Stage zu Bessan (F)
Januar 2007 Formatiounspraktikum vun der Militärmusek
Januar 2007 Kompositiounsprojet John Adams
Abrëll 2007 Dreigroschenoper mat uschléissender Tournée an der Groussrégioun
Juli 2007 Jugendbloosorchester vun der Europäescher Unioun (EUYWO) ënnert der Leedung vum Jan Cober
November 2007 PerKumania (Conservatoire National de Paris) :
Europäesche Perkussiounsensembel
Concours vun der klenger Tromm
Februar 2009 Masterclass vum Eric Sammut
« OPL meets UGDA »
Mee 2009 Jugendharmonieorchester vun der UGDA mat Stage zu Storo (I)
Juli 2009 Jugendbloosorchester vun der Europäescher Unioun (EUYWO) ënnert der Leedung vum Jan Cober

Säi Musikaleschen Hobby huet de Philippe zu sengem Beruf gemaach; en huet vum September bis Dezember 2008 seng Ausbildung bei der Arméi gemaach an ass zënter Januar 2009 an der Militärmusik Percussiounist.

Vum 1.September 2009 un ass de Philippe Noesen neie Chef vun der Miedernacher Musik.  



Druckbare Version

SitemapKontaktImpressum