Fanfare Miedernach-De Veräin

 

Hei ass een Deel vum aktuellen Faltblat, wou villl Informatiounen iwwert eis Musek, de Solfège an d'Instrumentecoursen stin:

Well Miedernach an eis Nopeschdierfer an de leschte Jaren vill gewuess sinn, a soumat vill nei Miedernacher Matbierger a vill Leit an der Emgéigend eise Veräin net kennen, erlabe mir eis, eis heimat virzestellen.


DE VERÄIN  
D'Fanfare Miedernach, déi 1930 gegrënd ginn ass, besteet 2010 aus 62
Memberen, dat sinn 47 Musikanten, 1 Dirigent, 1 Fähnerich, 6 Schüler, 2 inaktiv Comite-Memberen an 5 inaktive Memberen
déi keen Instrument mei spillen. Den Durchschnëttsalter vun allen Memberen ass 34 Jar.
De Veräin huet sech am Januar 2007 nei Statuten ginn an heescht vun do
un "Fanfare Medernach a.s.b.l." De Comité besteet aus 14 Leit mat engem
Durschnettsalter vun 36 Jar.
Eis Aktivitéiten:
- Galaconcert, Musikalischen Nomëtteg, aner Concerten zu Miedernach
an auswäerts
- Bedeeligung un kierchlichen an weltlichen Fester
- Theater spillen a bäibehalen vun aneren Traditiounen wéi Kleeschen,
Adventsmaart etc.
Virunallem setzen mir eis an, fir mat all eisen Memberen, an enger
gudder a frëndschatlecher Atmosphär eisem Hobby, der Musek,
nozekommen. Datt eis Fanfare haut e gudden musikalische Niveau
erreecht huet beweist, datt mir dat seriö maachen, ouni awer de Spass an
de Gaudi ze vernoléissegen.  

VIRWAT SOLLEN KANNER MUSEK MACHEN?  
An eiser heiteger Gesellschaft, wou den Individualismus an den Egoismus
sech ëmmer méi ausbreeden, wäert et an Zukunft ëmmer méi schwéier gi
fir dat op d'Kollektivitéit baséierend Veräinsliewen, wou e Minimum vun
Flichtbewosstsinn a Bereetschaft, fir mat Verantwortung ze droen,
verlaangt gëtt.
Et gëtt awer keen Zweifel drun, datt Musek maachen d'Liewensqualitéit an
d'Liewensfreed vun eise Kanner an engem ganz groussen Ausmooss
beräichert. Ausserdeem ass se wichtig fir d'soziaalt Verhalen, d'Konzentratioun
an d'Intelligenzentwécklung vun de Kanner.
Vun engem Nouteblat spillen, verlaangt eng schnell a gläichzäitig
Veraarbechtung vun enger grousser Informatiounsmass (Nouten, Takt,
Tempo, Lautstäerkt), wou abstrakt a komplext Denken verlaangt gëtt.
Bei kenger anerer Aktivitéit muss e Kand esou vill Entscheedunge
gläichzäitig treffen a verschaffen.
Zesumme Musek maachen fuerdert an ënnerstëtzt d'Mateneeschaffen,
vun engem aneren léieren, op deen anere lauschteren an zougoen, fir
deen aneren do sinn an der gemeinsamer Verantwortung fir d'Gelénge
vum Ganzen.  

SOLFÈGE / EVÉIL MUSICAL 
D'Coursen ginn vum CONSERVATOIRE DU NORD zu Miedernach
organiséiert mat der Mathellef vun der Gemeng Miedernach.
D'Kanner vum 2. Spillschoulsjar un, kréien am "Evéil Musical" esou den
éischten Kontakt mat aller Art vun Musek an enger musikalischen
Fréierzéihung. Sie brauchen duerfir keng musikalisch Virkenntnisser ze
hunn, si kréien déi wonnerbar Welt vun der Musek op eng spillerich Art a
Weis bäibruecht.
De Stonneplang vum Jar 2010/2011 ass :
D'Aschreiwung kascht 120.-€ pro Jar. Do derbäi kënnt eng " Taxe
supplémentaire non-résident " vun 185.-€, déi de Conservatoire all deenen Schüler
rechent, déi net aus de Gemengen Dikrech oder Ettelbréck kommen.
Instrumentecoursen
D'Instrumentecoursen ginn am Conservatoire zu Dikrech oder Ettelbréck
gehal. Wa méi Schüler do sinn, déi een bestëmmt Instrument léieren,
kann de Professer och op Miedernach kommen. Dest Jar ass daat de
Fall bäim Saxephone. D'Aschreiwung fir eeen Instrument
kascht 220.-€ pro Jar plus taxe supplémntaire vun 650.-€.
D'Rechnungen ginn 2mol am Jar vum Conservatoire geschéckt.
D' Taxe supplémentaire non-résident gett vun der Gemeng, wou een
ugemellt ass bezuelt
De Conservatoire du Nord verrechent der Gemeng dei Somme direkt
(Solfège resp. Evéil + een Instrument)
Nei ass datt d'Miedernacher Gemeng och vun deenen Schüler d'Taxe
supplémentaire non-résident vun engem Instrument iwwerhëllt, déi Member an der
Fanfare Miedernach sinn, an déi vun hirer Gemeng dës Taxe net zréck
bezuelt kréien.
Fir weider Renseignementer : Conservatoire du Nord:
- Site Dikrech : 803115-20 - Site Ettelbréck : 268126-1
- Gemeng Miedernach: 83 73 02-22 (Vic. Mollitor)
 

ADRESSE DE CONTACT 
Président: Francis HOFFMANN
5A, rue de Larochette L-7661 Medernach
Tel. 87 84 42

Secrétaire: Jean-Paul de WAHA - info@fanfaremedernach.lu
58, rue de Savelborn L-7660 Medernach
Tél.: 43 70 97

Caissier: Michèle SCHALTZ-WEIRICH
33, Halsbach L-7662 Medernach

Chef de musique: Philippe NOESEN - philippe_n@msn.com
Tél.: 621 435 899

les autres membres du comité:
- Martine FLIES, vice-président
- Jean-SCHWEIGEN, vice-président
- Bob BINTZ, Luc DIMMER, Monique FLIES, Sandy GOTTSCHALK, Joël KIRTZ, Christian PETRY, Andy STROTZ, Bob WELTER, Guy WIESEN
 


Galaconcert

Musikalischen Nomëtteg

aner Concerten zu Miedernach an auswäerts

 
Bedeeligung un kierchlichen an weltlichen Fester

wéi z.B.

Kommioun

Nationalfeierdag

Eierung vun Miedernacher Veräiner

all aner Feieren vun der Gemeng Miedernach  
Enn Januar Ufank Februar
flotten Theater





an och eppes fir d'Kanner 

(C) 2006 - Alle Rechte vorbehalten

Diese Seite drucken