50 Joer Fanfare Medernach
E Veräin feiert seng 50 Joer!
A 50 Joer läit ee wäite Wee, an haut op eisem Festdag erënnere mir eis a villen Unerkennung un déi, déi d`Fanfare Medernach an d`Liewe geruff hunn an eis de Wee gewisen hunn.
Eis Musek kann zefridden op en halleft Joerhonnert zréckblécken. Mat Idealismus a Kollegialitéit, onermiddlechem Prouwen a Schaffen, hunn eis Memberen et fäerdeg bruecht der Fanfare Opschwonk a Popularitéit entgéint ze bréngen.
Op eisem Wee konnte mir ëmmer op d`Ënnerstëtzung vun der Gemengeverwaltung, den Awunner vu Medernach, eisen Éierememberen a Gënner zielen; mir soen hinnen heifir en häerzleche Merci.
Mir kucke mat Optimismus an d`Zukunft. Mir zielen op äert Vertrauen an op är Hëllef, well mir wëlle mat der selwechter Begeeschterung a Freed un der Musek weider schaffen, an d`kulturellt Liewe vun eiser Gemeng beräicheren.
Emile BECKER
President vun der Fanfare Medernach am Joer 1980