top of page
_DSF9182.jpg

Eisen dirigent

Georges Antony

Den Georges ass den 19.08.1966 gebuer an huet seng Primärschoul zu Bettenduerf gemaach. Duerno ass hien an den Dikrecher Kolléisch gaangen a vun do aus an t'Akerbauschoul op Ettelbréck gewiesselt. Berufflech schafft de Georges zanter 1984 bei der APEMH zu Bëtten/Mess an der Gäertnerei mat geeschteg behënnerte Leit. Donieft schafft hien als Uebstbauer zu Bettenduerf.

 

Seng Musikalesch Ausbildung huet hien 1975 zu Dikrech ugefaangen.

1976 huet de Georges mat der Querflütt ugefaangen.

1978 ass de Georges an di Dikrecher Musek komm.

1981 huet de Georges säin 1. Präis am Solfège am Conservatoire zu Lëtzebuerg gemaach (Klass Théo Schalz)

1983 huet hien den 2. Präis ab der Querflütt gemaach (Klass Carlo Jans)

1984 Doduerch dass de Georges berufflech bedéngt an de Süde geplënnert ass, huet hien och an der “Harmonie municipale Bascharage“ ugefaangen.

Vun 1995 un huet de Georges d'“Jongbléiser Käerjeng“ opgebaut an se bis 2008 dirigéiert.

Mat Ufank 30 huet hien decidéiert sech musikalesch weiderzebilden an huet Dirketiounscourse beim André Reichling an Carlo Jans geholl.

2002 1. Präis an der Querflütt (Klasse Christiane Grethen-Gras)

2003 1. Präis an der Musique de Chambre (Klass Alain Bajot)

Donieft ass de Georges an Harmoniescourse bei de Jean-Paul Fisch gaangen.

Well de Georges bis zu deem Zäitpunkt awer selwer kee Blechblosinstrument gespillt huet, huet hien dunn mam Euphonium ugefaangen an 2009 eng 1. Mentioun gemaach (Klass Sergei Khmielewskoi).

​

Vun 2003-2017 Dirigent vun der Fanfare Perlé.

Vum September 2016 un ass de Georges elo Dirigent vun der Fanfare Medernach.

bottom of page