top of page
new_logo_wakeup_24.png

Der Fanfare Medernach an hire Memberen ass et eng grouss Freed Iech op déi 5. Editioun vum Wake Up! Festival, deen de 27. Juni 2026 zu Miedernach wäert stattfannen, ze invitéieren.

Als Veräin vun der Aerenzdallgemeng, ass et eis een Uleies den Awunner aus der Gemeng, wéi och aus der Ëmgéigend oder souguer aus dem noe Grenzgebitt ee kulturellen Highlight ze offréieren. Mir wëllen dozou bäidroen, datt d’Duerfliewen zu Miedernach weiderhi besteet an dass d’Leit sech ënnerenee kenneléieren, sech net ausernee liewen, mee als Gesellschaft zesummewuessen.

Aus dësem Grond ass et eis wichteg, dass den Entrée vum Wake Up! Festival weiderhi gratis ass.


Mir behalen eis bewäert Formel bäi: De musikaleschen Optakt vum Festival gëtt vu befrënte Museksveräiner aus der Noperschaft gestalt, an am Owend stinn aussergewéinlech Bands um Programm. Esou erwaarden Iech dëst Joer ab 12.00 Auer de Jugendensembel vun der Miedernacher Musek, den Euphonium Ensemble vum Conservatoire du Nord, d’Buerglënster Musek an d’Gilsdrefer Musek. Ab 16.00 Auer trieden d’Bands „Abanda“ (L), „Blue-ish“ (L), „Dave Peyton and the Toxic Twins“ (IRL), "Lara Grogan" (L) an „Wille and the Bandits“ (GB) op. Als Ofschloss vum Owend suergt den DJ Ray (L) mat musikalesche Kläng vun de 60er Jore bis haut fir eng flott Danzstëmmung.

Well d’Organisatioun vun dësem Festival awer mat grousse Käschte verbonnen ass, si mir op d’Ënnerstëtzung vu Sponsoren ugewisen. Als Merci an Unerkennung un déi Leit, déi mat hirem Don dozou bäidroen, datt de Festival weider bestoe kann, géinge mir Sie an eiser Broschüre bei den Donateuren ernimmen.


Mir géifen eis iwwer Är Ënnerstëtzung freeën a soen Iech am viraus villmools Merci!

Gäre kënnt Dir är Iwwerweisung traditionell op eise Konto mam Vermierk

"Don Wake Up! Festival 2026" maachen:
 

Banque et Caisse d’Epargne de l’Etat (BCEELULL)

IBAN No.: LU92-0019-2900-0274-8000

Date limite fir an der Brochure ernimmt ze ginn: 1. Mee 2026

(Wann Dir NET wëllt ernimmt ginn, deelt eis dat w.e.g. schrëftlech mat.)

Membre donateur: 5-49€
Membre du comité d‘honneur: 50-99€
Membre du comité de patronage: >100€

Donateur
Wake Up!Festival

Ënnerstetzt eis mat ärem Don

Villmools Merci fir är Ënnerstëtzung!

Don_WakeUp_2024.png
bottom of page