top of page

Iwwert eis

D'Fanfare Medernach, déi 1930 gegrënnt ginn ass, besteet momentan aus 74 Memberen.

​

De Veräin huet sech am Januar 2026 nei Statuten ginn an heescht vun do un "Fanfare Medernach a.s.b.l."

Eis Aktivitéiten

  • Krimidinner spillen

  • Galaconcert

  • Hämmelsmärsch an der Gemeng spillen

  • Wake Up! Festival

  • Méi kleng Concerten zu Miedernach an Emgeigend

  • Bedeelegung u kierchlechen a weltleche Fester

  • Mam Kleeschen op den Tour goen

  • Concert de Bienfaisance

  • mat den "The Flying Notes" Basketball spillen

Woufir setze mir eis an?

Virun allem setzen mir eis an, fir mat all eisen Memberen, an enger gudder a frëndschaftlecher Atmosphär eisem Hobby, der Musek, nozekommen. 

​

Datt eis Musek haut e gudden musikalesche Niveau erreecht huet beweist, datt mir dat seriö maachen, ouni awer de Spaass ze vernoléissegen.  

bottom of page